BUSTRANSPORT – HORAIRE DU BUS SCOLAIRE

 

Moies – Matin

7:33 h Fischbach, ,,Kräizbierg’’

7:34 h Fischbach, am Duerf

7:39 h Schoos, am Duerf

7:41 h Schoos, Haaptstrooss

7:45 h Angelsberg Schoul

 

​Nomëttes – Après-midi

13:43 h Fischbach, ,,Kräizbierg’’

13:44 h Fischbach, am Duerf

13:49 h Schoos, am Duerf

13:51 h Schoos, Haaptstrooss

13:55 h Angelsberg Schoul

D’Gemeng Fëschbech stellt de Schoulkanner vu Fëschbech a Schous de Schoulbus gratis zur Verfügung. Och d’PrécoceSchüler kënne mam Schoulbus matfueren well eng erwuessen Opsiichtspersoun am Bus ass.

Déi meescht Schüler vum Cycle 4 sinn ausgebild als Schoulweebegleeder; hir Aufgab besteet och doran fir um Schoulwee Geforen z’erkennen an ee Responsablen drop opmiirksam ze maachen.

Well d’Zuel vun de Sëtzplazen am Schoulbus vläicht net duer geet fir déi ëmmer méi grouss Zuel vu Kanner vu Fëschbech a Schous, stellt d’Gemeng Fëschbech moies ëm déiselwecht Auerzäit wéi de Schoulbus, zousätzlech e Bummelbus zur Verfügung fir d’Schüler vu Schous vun de Cyclen 2-4 an d’Schoul ze féieren. No der Rentrée mécht d’Gemeng Fëschbech e Sondage bei den Elteren iwwert d’Gewunnegten vun de Schüler beim Schoultransport.

La commune de Fischbach offre gratuitement le service du bus scolaire aux élèves de Fischbach et Schoos. Les enfants du cycle 1 précoce peuvent également profiter du transport scolaire étant donné qu’un accompagnateur adulte sera dans le bus scolaire.

La plupart des élèves du cycle 4 sont formés en tant qu’accompagnateurs sur le chemin de l’école; leur mission consiste également à reconnaître des situations dangereuses et de les signaler à un adulte responsable.

Le nombre de places assises dans le bus scolaire risque d’être insuffisant vu le nombre croissant d’enfants. C’est pourquoi la commune de Fischbach met à disposition le matin un ,Bummelbus’ pour les élèves des cycles 2-4 de Schoos, qui circulera au même horaire et supplémentairement au bus scolaire. Après la rentrée, la commune de Fischbach fera un sondage auprès des parents des élèves concernant les habitudes lors du ramassage scolaire.​