Veräiner aus eiser Gemeng an aus de Sportshaal Filano

D‘Veräinskommissioun aus der Gemeng Fëschbech presentéiert Iech op denen nächste Säiten all d‘Veräiner aus der Gemeng a vun eiser Sportshaal Filano.

De Covid hat e grousst Lach an d’Veräinsliewen gerappt a mat dësen Infoen wëlle mir de Neistart ukurbelen.
Fir dass eist Duerfliewen och weiderhin bestoen bleift a mir flott an eiser Gemeinschaft kennen zesummeliewen,
gitt Member oder besicht Manifestatiounen vun eise Veräiner, d’Auswiel as grouss!

 

ACTION CATHOLIQUE DES FEMMES DU LUXEMBOURG GEMENG FËSCHBECH

 

ZIEL VUM VERÄIN
Bereitschaft den christlichen Glauben zu vertiefen
und Zeugnis zu geben von der Hoffnung um der
Menschenfreundlichkeit Gottes und seinem Reich in
Familie und Welt die Wege zu bereiten.
Siehe Statuten 10. 1/1

 

 

 

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER
– Bitzowender am Hierscht a Wanter
– Rousekranzgebiet fir Verstuewener

 

 

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN
– Por – Basar am Fréijor
– Kreiderwësch mat Seenung op Mariahimmelfahrt
– Hëllef bei Notsituatiounen / Spenden

KONTAKT
Adresse:
Alice Trausch-Huber
6, rue Grande-Duchesse Charlotte
L-7430 Fischbach
Mail: trausch@hotmail.com
Kontonummer: LU93 0090 0000 0483 5039
Präsident: Alice TRAUSCH-HUBER
Vize- Präsident: Monique BISENIUS
Sekretaire: Théa KUGENER -HECK
Keessier: Marie-Josée DEGRAUX-TURMES

 

CLUB DES JEUNES ANGELSBIERG

ZIEL VUM VERÄIN
Eist Zil ass et déi Jonk zesummen ze bréngen, flott
Momenter ze verbréngen an zesummen eppes op
d’Been ze stellen, wéi z.B. eise legendären Hexebal.
Mir sinn ee Veräin wou dir ab 15 Joer häerzlech wëllkomm sidd.

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER
– zesummen mam Bus op d’Cavalcade
– Buergbrennen
– Grillen
– Karting, Paintball
– Spillowender
– sportlech Aktivitéiten (Fussballsturnéier,
Petanque, Indiaca…)
– Landjugenddag
– Schueberfouer
– Chrëschtmaart
– Silvester zesummen feieren
– zesummen an d’Vakanz goen
– Theater kucke goen

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN
– Hexebal
– Kleeschen
– Chrëschtbeemecher verdeelen/asammelen
– Clubbistro 1x/Mount mat engem bestëmmten
Thema
– Generalversammlung

KONTAKT
Adresse:
3, rue de Rollingen
L- 7475 Schoos
Mail: cdjangelsbierg@gmail.com
Kontonummer: LU270090000004312039
Präsident: Eric KARIER
Vize- Präsident: Andy FRISCH
Sekretaire: Cynthia LEHNEN
Keessier: Tom BAULER

 

CHORALE FËSCHBECH - ANGELSBIERG - SCHOUS

ZIEL VUM VERÄIN

Anleitung der Gläubigen zum Gebet / Verschönerung
der Gottesdienste. Angenehme Unterhaltung der
Einwohner durch Gesang.

 

 

 

 

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Wöchentliche Gesangsproben
– Messgesänge – auch mehrstimmig
– Begräbnismessen
– Hochzeitsmessen – wenn gewünscht
– Härläicheprëssessioun
– Unterstützung befreundeter Gesangvereine
– Messen auswärts

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

– Porfest
– Hämmelsmarsch
– „Trakteurs’seenung” Albinusfeier
– Ausflüge
– Te Deum – Nationalfeierdag
– Kommemoratiounsdag
– Cadeau fir Matbierger iwer 80 Joer
– Ënnerstëtzung vu soziale Wierker

KONTAKT
Adresse:
Dirigent John DAEMS
13, Haaptstrooss
L-7475 Schoos
Mail: alex.kugener@education.lu
Kontonummer: LU97 0030 0984 7655 0000
Präsident: Hubert LANCKOHR
Vize-Präsident: Alice TRAUSCH-HUBER
Sekretaire: Alex KUGENER
Keessier: Claude MALGET

 

 

 

 

 

 

 

ASSOCIATION DES PARENTS D’ELÈVES DE LA COMMUNE DE FISCHBACH - ELTEREVEREENEGUNG FËSCHBECH

ZIEL VUM VERÄIN

D’Elterevereenegung Fëschbech organiséiert Aktivitéite
fir d’Schoulkanner aus der Gemeng Fëschbech.

 

 

 

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– de Kaffi bei der Schoulrentrée,
– d’Organisatioun vum Schoulfest,
– Spaghetti-Iessen,
– an aner Aktivitéiten fir d’Kanner an hir Elteren
(Liesmoien, Rallye, …)
– D’Elterevereenegung hëlleft och beim
„Foussgängerführerschein“ oder bei der „Coupe
Scolaire“ fir op d’Kanner opzepassen, déi
laanscht oder op der Strooss ënnerwee sinn

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

Bedéngt duerch déi sanitär Situatioun huet d’Eltervereenegung
Fëschbech d’Manifestatioune vun dësem
Schouljoer ugepasst. Et ass ee Molconcours fir
d’Schoulkanner an een Ofschlossrallye fir d‘Schouljoer
2020 – 2021 organiséiert ginn.

KONTAKT

24, im Batz
7430 Fischbach
Mail: ape.acfischbach@gmail.com
Präsidentin: Pascale ELSEN
Vize- Präsidentin: Debby ZANDSTRA
Sekretärin: Debby ZANDSTRA
KEESSIER: Mike KOCH
MEMBEREN: Stéphanie BESNARD, Carole
GEHLEN, Jerry LECOQ, Alexandra NIESEN,
Delphine NOTARNICOLA, Thierry SCHMITZ,
Patrycja SOBOLEWSKA

 

 

 

 

 

 

 

ASBL. FËSCHBER NOPESCHFEST

ZIEL VUM VERÄIN

Nopere besser kenne léieren. Zesumme Spaass hunn.
Gemeinsam eppes ënnerhuelen. Solidaritéit stäerken.
Zesummenhalt vum Duerf fërderen. Grouss a
kleng zesumme bréngen.

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Organisatioun vum Nopeschfest
– Generalversammlung

 

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

Nopeschfest zu Fëschbech (Fête des voisins)

 

KONTAKT

Adresse:
Asbl. Fëschber Nopeschfest
16, im Batz
L-7430 Fischbach
Mail: feschber@gmail.com
Präsident: Tom HEINZ
Vize-Präsidentin: Martine FRIESEISEN
Sekretaire: David MANNES
Keessier: Patrick GROTZ

 

 

 

 

 

 

 

AMICALE MAARKOLLEF FËSCHBECH

ZIEL VUM VERÄIN

Duerftraditioun „Buergbrennen” oprecht erhaalen

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

Generalversammlung

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

Buergbrennen zu Fëschbech

 

 

 

Description supplémentaire:

ACTIVITÉ

Wéi déi dräi Pompjeescorpsen aus der Gemeng fusionéiert hunn,
hunn déi aktiv Pompjeeë vu Fëschbech doniewent en neie Veräin gegrënnt
ënnert dem Numm
“Amicale Maarkollef, Fëschbech”.
De 6. Januar 1998 hunn si Statuten ënnerschriwwen a se op der Gemeng deposéiert,
wou se den 10. Mäerz 1998 approuvéiert gi sinn.
Firwat de Numm “Maarkollef” (Eichelhäher,
Geai commun, Garrulus glandarius)?
An der Zäit haten d’Uertschaften an hir Awunner
e Bäinumm, an esou waren et déi Fëschber Maarkollefen,
déi Schéisser Guckucken an déi Angsber Kueben.
Mir féieren déi laang Traditioun vum Buergbrennen
vun de Fëschber Pompjeeën virun.
Well déi meeschte Leit méindes schaffen an d’Kanner an d’Schoul ginn,
feiere mir samschdes.
Am Laaf vun där Woch gi mir zu Fëschbech ophiewen,
an och di verschidden Häff. (Plankenhaff, Stuppecht, Weyer, Kiedeng a Schiltzbierg)
Samschdes mëttes riichte mir d’Buerg op.
D’ Kanner, d’Jugend an d’Duerfleit déi Loscht hunn,
kënne gären eng Hand mat upaken.
Owes gi mir bei der Gemeng an engem Fakelzuch fort.

Duerno gëtt d’Buerg a Brand gestach,
vun deene Koppelen, déi sech am Laaf vum Joer d’Jowuert ginn hunn.
Duerno zerwéiere bei der Buerg Gegrills a Gedrénks.
Esou e gemittlechen Owend bei Lagerfeier a flotter Gesellschaft mat engem gudde Mauffel a Patt, vergeet dann vill ze schnell.

 

KONTAKT

Adresse:
Claude TRAUSCH
Rue Grand-Duchesse Charlotte
L7430 Fischbach
Mail: claudetrausch@yahoo.de

President: Claude Trausch

Caissier: Marc Kolber 

Secrétaire: Linda Schuster- Trausch 

Comitésmember: Patrick Grotz, Anne Kolber 

 

 

 

 

AMICALE VUN DE POMPJEEËN GEMENG FËSCHBECH

ZIEL VUM VERÄIN

Die Aufgabe der Vereinigung ist die Organisation
des Vereinslebens sowie die Förderung der gegenseitigen
Unterstützung der Mitglieder des CIS, die Organisation
der Jugendfeuerwehr in Zusammenarbeit
mit dem CGDIS und die Vertretung der Interessen
der Mitglieder gegenüber allen Instanzen des CGDIS
sowie gegenüber Dritten. Eine weitere Aufgabe
besteht darin, die Mitglieder zur Hilfsbereitschaft
anzuregen, sowie die Kameradschaft unter ihnen zu
fördern und zu pflegen.

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Generalversammlung mat uschléissendem Iessen
– Membersversammlungen
– Ausfluch
– Prozessioun op Fronleichnam
– Cortège bei der Kommioun an op
Nationalfeierdag
– Participatioun bei Feierlechkeeten: Albinusfeier,…
– Sportsaktivitéiten: Schwammmeeschterschaften,
Veloscoursen,…
– Grillen bei der Ofschlussübung vum CIS

 

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

– Kannerfuesbal
– Feierläscherapéro mat Präventiounsstand
– Kiermesham

 

KONTAKT

Adresse:
Amicale vun de Pompjeeën Gemeng Fëschbech
a.m de Lucien BROSIUS
11A, rue de Rollingen L-7475 Schoos
Mail: pompiers.fischbach@pt.lu
Kontonummer: BCEE LU27 0019 3455 3858
5000
Präsident: Luss BROSIUS
Vize- Präsident: Jean-Paul DEGRAUX
Sekretaire: Lucien KARIER
Keessier: Gilberto DINIS

 

 

 

 

 

 

 

SENIOREVERÄIN GEMENG FËSCHBECH

ZIEL VUM VERÄIN

Senioren Fräizäitméiglechkeeten ze offréieren.

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Revue
– Dagesausflug
– Wochenausflug

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

– Hierkeniessen
– Spargeliessen
– Mammendagsfeier
– Grillparty
– Floumaart
– Pappendagsfeier
– Journée du Grand-Age, Schluechtfest

KONTAKT

Adresse:
Senioreveräin Gemeng Fëschbech Asbl.
36, rue Grande-Duchesse Charlotte
7430 Fischbach
Präsident: Marie-Louise HAAS-ERPELDING
Vize- Präsident: Jean BÜCK
Sekretaire: Marie-Anne HEIDEMANN
Keessier: Sylvie SPIEWAK

 

 

 

 

 

 

 

SPUERVERÄIN “EN APEL FIR DEN DUSCHT”

ZIEL VUM VERÄIN

Der Verein hat zum Zweck, periodisch Spargelder zu
hinterlegen, Veranstaltungen und Ausflüge zu organisieren,
um so das Gesellschaftsleben zu förden.

 

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– 1 Mee-Feier a Generalversammlung
– All 1 Méindeg am mount gët d’Kees opgemach

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

Choucroute garnie op der Héicht

KONTAKT

Adresse:
40, rue Beringerberg
L-7410 Angelsberg
Mail: malauerp@pt.lu
Präsident: Roger KOLBER
Vize- Präsident: Marianne KERSCH
Sekretaire: Marie-Louise HAAS-ERPELDING
Keessier: Nico SPIEWAK

 

 

 

 

 

 

 

THEATERVERÄIN FËSCHBECH – SCHOUS – ANGSBERG

ZIEL VUM VERÄIN

Treffen vun den Memberen fir verschidden Aktiviteiten
auszefeieren, dei souwuel direkt wei och
indirekt eppes mat enger kultureller Manifestatioun
ze din hun.

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Memberen spillen selwer en Theatersteck
– Generalversammlung matt uschleissendem
Iessen
– Theater bei aaner Verainer kucken goen
– Trëppeltour matt engem Iessen
– Krëschtfeier
– Vertrieden vum Verain op Nationalfeierdaag an
bei den Commémoratiounsfeierlechkeeten

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

– Theaterowender /-mëtteg
– Generalversammlung

 

KONTAKT

Adresse:
1, rue de l’Eglise L- 7430 Fischbach
Website: www.theaterfsa.lu
Mail:comite@theaterfsa.lu
Kontonummer: BCEE LU860019130036676000
Präsident: Jean-Paul DEGRAUX
Vize- Präsident: Triny WIRTZ
Sekretaire: Tania BROSIUS
Keessier: Yves REISER

 

 

 

 

 

 

 

SCHÉISSER WIICHTELCHER

ZIEL VUM VERÄIN

Éischten But wor et, déi al traditionell Fester, déi
virdrun vun de Pompjeeën vu Schous organiséiert
goufen oprecht ze erhalen an dofir ze suergen, datt
des weider gefouert ginn.
An de leschten Joren ass awer nach e weidert ganz
wichtegt Ziel derbäi komm. Eist Duerf ass méi grouss
ginn, an ass nach ëmmer am Wuessen.
Mier al Wiichtelcher gesinn eng vun eisen Aufgaben
doranner, fir de Kontakt ënnert eisen Matbierger ze
förderen an ze fleegen, nom Motto: „Fir e gutt Zesummen
an e bessert Mateneen“.
Dofir versiche mir Jonk an Aal, Lëtzebuerger an
Net-Lëtzebuerger a besonnesch eis nei Awunner zesummenzebréngen
an an eis Duerfgemeinschaft ze
integréieren. A wéi kennt engem dat wuel besser geléngen,
wéi wann een zesumme schafft an zesumme
feiert.

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– 1. Mee (Meekranz) a Generalversammlung
– Trëppeltour

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

– Buergbrennen (Buergsonndeg)
– Quetschekraut kachen a verkafen
– Bistro „an der Keilchen“. All leschten Freideg am
Mount (virun Corona) ënnerhalen mer zesummen
mat de Maarkollefen vu Fëschbech e Bistro, deen
bis ewell ëmmer decken Succès huet.
– Mir hunn och alt emol scho Viz gemaach, e
Beaujolaisowend an och e Cabaretsowend organiséiert,
a sinn op fir all weider Proposen an nei
Ideen.

KONTAKT

Mail: info@wiichtelcher.lu
www.wiichtelcher.lu
Präsident: Liz BROSIUS
Vize-Präsident: Marco KARIER
Keessier: Mike DAEMS

 

 

 

 

 

 

 

BADMINTON REGIOUN MËLLERDALL

ZIEL VUM VERÄIN

D’Zil vum „Badminton Regioun Mëllerdall“ ass et den
Awunner aus de 9 Gemengen ab 4 Joer eng sportlech
Aktivitéit uzebidden. Am Mëttelpunkt steet de
Badminton a fir all Alterskategorie a Spillniveau gëtt
eppes ugebueden: MiniBad (4 – 8 Joer), KannerBad (9
– 16), SeniorBad (ab 17), ParaBad, HobbyBad, FitBad
an WanderBad.

 

 

 

 

 

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Trainéiert gëtt 1 bis 6 mol d’Woch je no Alterskategorie
a Spillniveau an dat op verschiddene
Sitten.
– Fir déi nächst Saison ass de Romain Robert, e renomméierten
franséischen Spillertrainer agestallt
ginn, deen an allen 9 Gemengen den Training
hält. Wann déi nei Sportshal zu Miedernach bis
fäerdeg ass, huet de Veräin zesummegezielt 33
Badminton Terrainen zur Verfügung
– D‘Jugend- a Senior-Ekippen spillen mat am
Badminton Championnat an an der Badminton
Coupe. D‘Member kënnen nach zousätzlech u
lëtzebuerger Turnéier (Masters fir déi Grouss,
Grand-Prix fir déi Kleng, Hobby fir déi ouni
Lizenz) deelhuelen.

 

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

De „Badminton Regioun Mëllerdall“ wäert ënnert
anerem ee Masters an ee Grand-Prix organiséieren,
d.h. jeeweils een Turnéier fir Senioren an een Turnéier
fir d’Jugend.

KONTAKT

Adresse:
Badminton Regioun Mëllerdall
5, a Kilker
L-7680 Waldbëlleg
Luc SCHMIDT: 691 821 592
www.badmintonregiounmellerdall.lu
Mail: badmellerdall@gmail.com
Kontonummer: CCPL LU02 1111 7016 3736 0000
Präsident: Luc SCHMIDT
Sekretärin: Steff FLAMMANG
Keessier: Myriam REUTER
Sponsoren: Laurent DIELISSEN
ParaBad, Medien: Tessy EIFFES
Lizenzen: Nicole BINTENER
Kontakt mat de Gemengen: Nmili AICHA

 

 

 

 

 

 

 

BBC ARANTIA LAROCHETTE

ZIEL VUM VERÄIN

Jonk an manner jonk Leit fir den Sport „Basketball“
begeeschteren.

 

 

 

 

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Bei den Jugend- an Seniorsmatcher Buvette,
d’Auer, den Bou maan
– Präsenz vun den Supporteren bei den Matcher
– Vertriedung vum Verain fir Nationalfeierdaag
– All Basketsbegeeschterten as ëmmer wëllkom:
Butzebaket (bis 6 Joer), Prépoussins (bis 9 Joer),
Poussines a Poussins (bis 11 Joer), Fillettes a
Minis (bis 13 Joer), Filles-Scolaires a Scolaires
(bis 15Joer); Cadettes a Cadets (bis 17 Joer);
Dammen- an Härenequipe.
– Mir sichen och ëmmer Trainer a Leit déi hëllefe
fir eis Equipen an am Veräin

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

– Opening/Sponsorevent
– Generalversammlung
– Jugendtournoi’en
– Oofschlossfest
– Preparatiounsmatcher bei den Senior’en

KONTAKT

Adresse:
Plateau Birkelt
L- 7633 Larochette
Mail: bbc.arantia@pt.lu
Kontonummer: BGL LU96 0030 0227 6807 0000
Präsident: Gaby HOFFMANN
Vize-Präsidentin: Tania BROSIUS
Sekretaire: Pedro NUNES
Keessier: Vic DIDERRICH

 

 

 

 

 

 

 

AS RUPENSIA LAROCHETTE

ZIEL VUM VERÄIN

Fussball, Veräinsliewen

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

– Fussballsmatcher mat follgenden Ekippen:
– Bambini: Kanner bis 7Joer
– Pupilles: Kanner bis 9 Joer
– Poussins: Kanner bis 11 Joer
– Dammenequipe
– 1. Equipe Hären
– 2. Equipe Hären Reserve
– Mir sichen och nach Trainer fir eis Jugendequipe
an sinn och op der sich no Nowuesstalenter

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

– Organisatioun vun Turnéieren
– Bleechfester

 

KONTAKT

Adresse:
28, Um Beil
L-7653 Heffingen
Mail: rupensia@hotmail.com
Kontonummer: BCEE LU56 0019 2900 0133
4000
Präsident: Luis Filipe CENTEIO SILVEIRA
Vize- Präsident: Claudio CRUZ
Sekretaire: Joâo Modesto CALDAS PACHECO
Keessier: Jorge SOUSA DO SACIMENTO

 

 

 

 

 

 

 

KUKKIWON LAROCHETTE ASBL

ZIEL VUM VERÄIN

Verteidigungssportart Taekwondo populär ze
machen.

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

Training an der Sporthal FILANO an der Fiels
Mëttwochs vu 17.30-21.00 a Freides vun
18.00-21.00.

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

U national ewéi och international Tournoien
deelhuelen.

 

KONTAKT

Adresse:
Luc JEMMING
10B, Montée d‘Ernzen
L-7636 Ernzen
Mail: luc.jemming@larochette.lu
Präsident: Luc JEMMING
Sekretaire: Mike WEBER
Keessier: Romain DICKEN

 

 

 

 

 

 

 

VC FILANO

ZIEL VUM VERÄIN

Den VC-Filano ass en Vëlosclub wou den Spaass um Vëlo
kloer am Virdergrond steet.
Mir fueren souwuel MTB wéi och Coursevëlo a treffen eis och reegelméisseg fir zesummen fueren ze goen.

 

 

 

 

 

AKTIVITÉITEN VUM VERÄIN AM LAAF
VUN ENGEM JOER

Als Club gi mir och zesummen an d’Vakanz a fueren mateneen op Vëloseventer am In- souwéi och am Ausland.
Ausserdeem organiséieren mir och all Joer am September eng MTB-Randonnée mat strecken fir all Niveau, vum Ufänger bis zum Expert.

MANIFESTATIOUNEN VUM VERÄIN

Randonnée VTT Roger Wirtz 11 & 12.09 Hall
Sportif Filano Plateau Birkelt Larochette.

KONTAKT

Adresse:
Hall Sportif Filano Plateau Birkelt Larochette
L- 7633 Larochette
Mail: info@vc-filano.lu
Web: www.vc-filano.lu
Kontonummer: IBAN LU48 1111 2581 3013 3000
Präsident: Pitt KIRTZ
Sekretaire: Serge ALEXANDRE
Keessier: Jim SCHMIT