Éischt-Hëllefs-Cours

Éischt-Hëllefs-Cours

D’Participanten léieren…

  • …dat séchert Verhalen op Accidenter.
  • …wéi een e standardiséierten Noutruff beim 112 tätegt.
  • …medizinesch Noutfäll richteg ze erkennen an anzeschätzen.
  • …d’Versuergung vu Patienten a medezineschen Noutfäll bis d’Rettungsdéngschter op der Plaz sinn.
  • …liewensbedrolech Bluddungen ze stëllen.
  • …wéi ee Noutfallpatiente richteg tässelt.     
Grouss Botz

Grouss Botz

D’Biergerinnen an d’Bierger, déi un dëser Aktioun mathëllefen sinn häerzlech op d’Owesiessen um 18 Auer invitéiert.

Biergerguide

Biergerguide

Sidd Dir viru Kuerzem eréischt an Är Gemeng geplënnert? Oder wunnt Dir scho laang hei?
Sidd Dir op der Sich no Informatiounen, fir Iech besser erëm ze fannen?
Är Gemeng ass méi ewéi just Äre Wunnuert, si ass och eng lieweg Plaz,
wou Dir deelhuelen an Iech engagéiere kënnt. Dir kënnt dozou bäidroen,
Är Gemeng weider z’entwéckelen an een interkulturellt Zesummeliewe fir
jidderee mat ze gestalten. Ganz einfach andeems Dir Iech an Ärem Alldag
un de lokalen a regionalen Aktivitéite bedeelegt.
De Guide „Meng Gemeng, mäi Guide“ liwwert Iech déi Informatiounen,
déi Dir braucht, fir dass Dir Iech gutt zu Recht fannt, a méi iwwer Eventer,
Initiativen an Aktivitéite gewuer gitt, déi an Ärer Gemeng ugebuede ginn.
An dësem Guide fannt Dir Iddien, wéi Dir Iech a verschiddene Beräicher
wéi dem Benevolat, der Bildung, der Pratique des langues oder der politescher
Participatioun engagéiere kënnt an esou mat Äre Matbierger interagéiere kënnt.

INFO zu : Wandanlagen um Rolléngerbierg

INFO zu : Wandanlagen um Rolléngerbierg