
D’MIERSCHER LIESHAUS SICHT DECH!
Aarbecht an enger ëffentlecher Bibliothéik, 10 Stonne/Woch fir 12 Méint.
Perfekt fir StudentInnen am Beräich Bibliothéiks- an Informatiounsmanagment, sozio-edukativt Personal aus enger Crèche/Maison Relais awer och fir all Leit, déi sech virstelle kéinten 2 bis 3x moies oder samschdes mat Grouss a Kleng a mat Bicher ze schaffen.
Wëlls du eng nei Säit an engem interessante Buch opschloen?
Da mell dech! Déng Iddien an deng Kreativitéit gi gebraucht z.B. an der Kanneranimatioun, bei verschiddene Liesungen, an der Receptioun a bei aneren ofwiesslungsräichen Aktivitéiten …


