Amicale Maarkollef Fëschbech
Description supplémentaire

ACTIVITÉ

Wéi déi dräi Pompjeescorpsen aus der Gemeng fusionéiert hunn, hunn déi aktiv Pompjeeën vu Fëschbech doniewend en neie Veräin gegrënnt ënnert dem Numm “Amicale Maarkollef, Fëschbech”. De 6. Januar 1998 hu si Statuten ënnerschriwwen a se op der Gemeng déposéiert, wou se den 10. Mäerz 1998 approuvéiert gi sinn. Firwat de Numm “Maarkollef” (Eichelhäher, Geai commun, Garrulus glandarius)? An der Zäit haten d’Uertschaften an hir Awunner e Bäinumm, an esou waren et déi Fëschber Maarkollefen, déi Schéisser Guckucken an déi Angsber Kueben. Mir féieren déi laang Traditioun vum Buergbrennen vun de Fëschber Pompjeeën virun. Well déi meeschte Leit méindes musse mat klorem Kapp schaffe goen, an d’Kanner an d’Schoul ginn, feiere mir samschdes. Donneschdes owes gi mir zu Fëschbech ophiewen, a freides owes op d’Häff. (Plankenhaff, Stuppecht, Weyer, Kiedeng a Schiltzbierg) Samschdes mëttes riichte mir d’Buerg op. D’Jugend an d’Duerfleit déi Loscht hunn, kënne gären eng Hand mat upaken. Owes gëtt d’Buerg dann a Brand gestach, vun deene Koppelen, déi sech am Laaf vum Joer d’Jowuert ginn hunn. Duerno zerwéiere mer am Veräinsbau Omelett mat Speck an Zoossis, déi vun eisen Dammen mat vill Charme gebaack gëtt. Esou e gemittlechen Owend bei engem gudde Patt a flotter Gesellschaft vergeet da villzevill séier.

 

Zesummensetzung vum Comite vun der Amicale Maarkollef.

President:
Vice President: Claude Trausch
Sekretär: Romain Lamberty
Keessier: Marc  Kolber
Memberen: Patrick Grotz a  Jeff Spiewak

Als Vertrieder bei der Entente ass den Marc Kolber bestemmt gin.

Send Message

Veuillez activer JavaScript dans votre navigateur pour remplir ce formulaire.
Prénom & Nom
Cliquez ou déplacez les fichiers vers cette zone pour les téléverser. Vous pouvez téléverser jusqu’à 3 fichiers.
Taille maximale par fichier: 5MB - Fichiers autorisés: bmp, jpg, jpeg, png, pdf